Ciné Caméra Dikrech
De CCD ass ee Filmclub, dee sech drop spezialiséiert huet, Opféierungen am kulturelle Beräich mat puer Kamera’e (bis zu 8 Stéck parallel) opzehuelen, sief dat zum Beispill ee Concert oder een Theaterstéck. Dono setze mir dann aus deene verschiddene Perspektiven ee flotten an ofwiesslungsräiche Film fir eise Client zesummen.
Desweidere produzéiere mir eemol d’Joer een Zeenario-Film an och Aktualitéits-Filmer. Iwwer d’Joeren huet de Veräin sech vill semi-professionnellt Film- an Toun-Material zesummekaf. Eise Veräin ass awer och equipéiert fir al Filmer ze digitaliséieren (8mm, Super 8, 9,5 mm a 16 mm), eng Aktivitéit déi als “Telecine” bekannt ass.
D’Memberen vum Ciné Caméra Diekirch « CCD » begéinen sech an der Reegel eemol am Mount an der Seeërei an do ginn dann déi eenzel gemeinsam an individuell Projete geplangt an organiséiert.
D’Originne vum CCD
D’Grënnung vum Ciné-Caméra Diekirch (CCD) geet zréck op 1963. Deemools huet zu Dikrech e Veräin mam Numm Photo Ciné Club Diekirch bestane; dozou hu gehéiert eng Foto Sektioun, eng Ciné Sektioun an awer och eng “Mol” Sektioun.
1963 sinn déi 3 Veräiner ausernee gaange an et sinn 3 nei onofhängeg Veräiner entstane: Photo-Club Diekirch, Cine-Caméra Diekirch an La Palette Diekirch.
De nei gegrënnten Ciné-Caméra Diekirch (CCD) huet haaptsächlech aus Memberen vun der Arméi bestaan, virop de Félix HUBERTY.
Déi aner Grënnungsmemberen waren: Edmond DOOS, Robert HEMMER, Bernard SCHWARTZ a Fernand ASSEL.
D’Statuten vum CCD sinn datéiert 11. Juli 1963 a vermelle dat de Veräin sech als Ziel gesat huet: “toutes activités de nature à favoriser l’enseignement et la propagation de la pratique cinématique amateur”
1964 ass dann och schonn en éischten 8 mm Film gedréit ginn ënner dem Titel “Endstatioun Mord”, wéi den Titel et seet, ee Krimi vun 28 Minutten.
1965 ass den éischten Aktualitéitsfilm entstane, nämlech d’Joyeuse Entrée vum Grand-Duc Jean an der Grand-Duchesse Josephine zu Dikrech.
An de 70er Joeren sinn eng Rei Aweiungen zu Dikrech gefilmt ginn: Foussgängerzon, Vëlospiste, Sportshal, “Ficelles”-Bréck …, awer du schonn op Super 8mm Film. Et sinn och méi kreativ Wierker mat engem Zeenario an Ugrëff geholl ginn, ewéi “Le Cambrioleur” a “Life”.
An den 80er Joren ass um Härebierg bei der Arméi eng Cellule Video (CIMTV) entstane. Et war den Ufank vum Opzeechnen vu Video op Magnéitbänner. Den CCD huet awer och gläichzäiteg sech mam 16 mm Format ofginn a Filmer ewéi “Cuber” a “Flower Power” an dësem Format gedréit.
1987 huet den CCD am 16 mm Format säin bis dohin opwennegsten Film gedréit “Mäin Nächsten” op Basis vun engem Buch vum Roger Manderscheid.
1998 koum dunn den digitalen Video op de Maart an dat huet zu engem neien Opdriff vun den Aktivitéiten gefouert.
2008 war d’Joer wou en CCD op HD iwwergaangen ass an huet duerno nëmmen nach am 1920*1080 Format gefilmt.
2009 d’Dikrecher Filmdeeg gi fir d’éischt Kéier ofgehalen zu Dikrech am Ciné Scale. De CCD weist hei am Kader vun dësem Filmfestival ee Programm deen aus Wierker vun sengem Archiv zesummegesat ass.
2010 huet den CCD de Projet vun Dikrech 750 gestart an am Ganzen 18 Evenementer opgeholl déi dat Joer drop, op enger vun der Dikrecher Gemeng produzéierten DVD, festgehale goufen.
2022 mir hunn eis souwäit spezialiséiert, datt mir mëttlerweil mat bis zu 8 identesche Kamera’e kënne kulturell Evenementer filmen an dokumentéieren.