Dir wëllt al Filmer digitaliséieren, e Concert oder Theaterstéck mat puer Kamerae gefilmt kréien, hutt Froen iwwer Filmmaterial oder d’Verschaffe vun Opnamen oder villäicht souguer selwer eng Iddi fir e Film mat professionellem Material ze dréinen? Da mellt iech bei ons.
Och nei Memberen si bei eis Wëllkomm, fir mat eis iwwer d’Joer un deenen ënnerschiddlechste Projeten ze schaffen.
Kontaktéiert ons an/oder kommt bei eis laanscht; mir treffen eis ëmmer Méindes um 20 Auer zu Dikrech an der Seeërei.