De Ciné-Caméra Diekirch huet sech ekipéiert fir mat bis zu 10 Kamerae, inklusiv 3 aus der Distanz steierbare PTZ-Kameraen, simultan kulturell Evenementer ze filmen an dono dem Client een Zesummeschnëtt aus deenen eenzelne Perspektiven unzebidden.
Iwwer d’Joren hu mir sou eng sëllege Evenementer am Kulturberäich gefilmt a geschnidden. Vun engem philharmoneschen Orchester, iwwer Theaterstécker bis hin zu Table Rondes hu mir Erfarung.
Schreift eis einfach un, wann Dir intresséiert sidd un enger Zesummenaarbecht.
